Mir freeën eis, dass Dir de Wee fonnt hutt, eis op eiser neier Homepage ze besichen an eis esou besser kennen ze léieren. Eis nei Säit ass nach am Opbau a wäert an der nächster Zäit nach geännert ginn.
D'Chorale Stroossen besteet aus der "Chorale Ste Cécile" an aus der Kannerchorale "Hueflachspatzen". Klickt Iech duerch eis Säiten a wann Dir Froen oder Virschléi hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren.
Ganz besonnesch géife mir eis awer freeë wann Dir eis op eise nächste Manifestatiounen a Concerten besiche kéimt oder wa mir Iech als neie Member (aktiv oder inaktiv) bei eis ophuele kéinten.