D'Chorale Ste Cécile a.s.b.l.

D'Chorale Ste Cécile ass 1929 als Männerchouer gegrënnt ginn fir am Joer 1965 ee gemëschte Chouer ze ginn. Deemools huet nach eng Chorale fir jonk Meedercher bestan, a wéi déi 1965 opgehal huet, as si an de Männerchouer integréiert ginn. Dat Joër hat de Veräin 55 aktiv Memberen. Haut zielt de Veräin 30 aktiv Memberen.

 

De kulturellen Impakt ass ganz bedéitend, doduerch, dass d'Chorale Concerten opféiert, souwuel weltlech wéi och geeschtlech, doduerch, dass si all Joer Theater spillt, an dat schon zënter iwwer 50 Joer, ower och doduerch, dass si ëmmer derbäi ass bei offizielle Fester a Manifestatiounen.

Dirigenten

Als Dirigenten hunn ënner aneren hei gewierkt:

  • den Här Gustave Schmidt (1958-1979)
  • den Här Jean Schumacher (1979-1987)
  • den Här Francis Reitz (1987-1997)
  • den Här Marc Camy (1997-1999)
  • den Här Jean Thill (1999-2002)
  • d'Madame Sylvie Serra-Jacobs (2002-2005)
  • d'Madame Danielle Kohll (2005-2012)
  • den Här Thomas Raoult (2012-2014)
  • den Här Jean Wagner (2014-2019)

 

Säit Abrëll 2019 ass d'Madame Jeannine Mohr-Koenig Dirigentin vun der Chorale.

 

Jeannine Mohr-Koenig - Dirigent

Prouf

All Donneschden vun 19:30-21:30 am Poarheem vis-à-vis vun der Kierch um 2. Stack.
Coronabedingt sin am Moment keng Prouwen

Marc Schmidt - Organist

Comitee

De Comité besteet aus folgenede Leit:
Presidentin: Thillmany Josée
Vizepresidentin: Leclers Annette
Secrétärin:  Sprunck Yvette
Keessier: Oth Gilles
Memberen: 
Coimbra Michel
Gleis François
Leclers Josy
Holz Eva
Neu Lex
Gelhausen Micheline
Goerens Paul
Weis Marianne