Mir brauchen Är Hëllef!


06 April 2020

Lëtzebuerg, an domadder och eis Gemeng, erlieft en historesche Moment. Eisen Alldag ass op d’Kopp gedréit, vill Geschäfter an all d’Schoulen sinn zou a vill Leit mussen doheem bleiwen.
 
D’Geschichtsfrënn wäre frou, Fotoen vun Ärem Alldag elo vun dëser spezieller Zäit, fir an eist Archiv ze kréien. Mir géifen eis freeën iwwer Fotoen aus der Gemeng Hesper, déi z.B. den Homeoffice, eidel Stroossen, Parkanlagen a Schoulen, zoue Restauranten a Caféen, laang Schlaangen an eidel Regaler am Supermarché asw. weisen.
 
Wann Dir eist fräiwëlleg wëllt hëllefen, da schéckt eis Är Fotoen vum Confinement entweder op
 
Mir brauchen natierlech Ären Numm an Äert Averständnis, fir dës Fotoen fir Zwecker vun eisem Veräin ze publizéieren (Artikelen, Broschüren, Bicher…).
 
Schéckt eis w.e.g. keng Fotoen iwwer Facebook oder Messenger!
 
WICHTEG: Mir sollen all doheem bleiwen an esou wéineg wéi méiglech ënnerwee sinn. Respektéiert d’Consignen vum #BLEIFTDOHEEM vun eiser Regierung. Mir acceptéieren keng Fotoen, bei deenen d’Leit sech net un dës Consignen halen.