Zu Réimech iwwer d’Musel, Nenneg, Richtung Saarburg, no e puer Km an d’Naturschutzgebitt «Eiderberg» bei Freudenburg. Den Eiderberg ass mat 34 ha Deel vum europäeschen Schutzgebittsystem Natura 2000 mat aussergewéinlech héiger Aartendicht a Villfalt.
De «Badger Bommi» : een klengen Biller-Reportage vun engem Dachs «Duess» a senger Famill aus der Bommertzheck
Et gëtt och nach gutt Nouvellen. Eise Conservateur N&E, Arthur Schaack hat kierzlech d'Chance eng aussergewéinlech Beobachtung an eiser Géigend ze maachen. Hei säi Reportage.
An engem Blummenkiwwel op der Hausdier huet d’Pia se entdeckt, net grad an hirem typeschen Liewensraum an awer…! Eng 300 Biller krut ech esou frëndlecher Weis zur Auswäertung vun dësem interessanten Insekt zur Verfügung gestallt; een groussen Merci !
Den 13. November 2021 huet n&e Gemeng Mamer den Dag vum Bam organiséiert; Treffpunkt: an der Gewan «op Ielchert» mat den «Piwitschen» den Caper Scouten, um Programm: Schneiden vun Kappweeden, Opbotzen vum Ufergehölz
Meenung vun der Lokalsektioun zum Asaatz vu Schnéikanounen am Kader vum Krëschtmaart 2021 zu Mamer
An den 80ger Joren konnt d’Sektioun n&e Mamer des Parzell vun 56 ar kafen, huet do e puer Dëmpelen ugeluecht, déi sech am Laf vun den Joren, an dësem rouegen Eck, zu engem wichtegen Fiichtgebitt entwéckelt hunn, mat grousser Diversitéit un Fauna a Flora.
Den 26 Juni 2021 war den Arthur Schaack e puer Stonnen zu Bungerëf an huet e puer Biller gemaach vun deem wat do «kreucht und fleucht».
Hauskaz ? Verwëldert Hauskaz ? Hybrid ? Wëll Kaz ? Dat ass hei d’Fro ! Net all Dag begéint een esou engem prachtvollen Kärel, dësem Kueder seng Presenz an säin Verhalen hunn mech staark beandrockt!!
Op der Sich nom Moukekinnek
E kléngen Abléck an d'Päiperléckswelt ronderëm de Biotop Elbert. Bei Interessi kann déi mei explizitt „Tagfaltererfassung vum Nathalie Grotz“ och bei mir ugefrot ginn.
Als éirenamtlechen Betreier vun den Naturschutzgebidder «Stëftung Hëllef fir d’Natur» am Westen hat ech vum 06/19 bis 06/20 5 esou interessant ewéi och opreegend Begéinungen. Heidann e puer Biller, vill Spaass ! Arthur Schaack, Conservateur n&ë
Ee fantastescht Naturschauspiel am Biotop Eelbert, direkt hannert dem Lycée Josy Barthel. Leider wärt mam Bau vum Sportlycée op deem Site kaum nach Plaatz bleiwen fir dee liewegen a arteräiche Biotop, esou no bei eiser Hausdir.
Eise Conservateur N&E, Arthur Schaack, hëllt eis mat op ee klengen Tour an d’Naturreservat Haff Réimech, vill Spaass!
Eise Member Arthur Schaack huet elo am Fréijoer dës phantastesch Biller op séngen Tir an der Ëmgéigend gemaach.
De Biotop Eelbert tëschen der Europaschoul 2 an dem Mamerlycée riskéiert duerch d'Implantatioun vum neie Sportslycée zerstéiert ze ginn. An eisem Flyer ass erkläert firwat dat net däerf geschéien an Zäiten vu Klimaschutz a Verloscht vu Biodiversitéit.
Den Aeppelchesbrill ass een ganz wichtegen Regenrückhaltebecken, no nëmmen 5 Deeg Nidderschlaag verdeelt sech hei eng beandrockend Waassermass an et kann een sech gutt virstellen wat fir eng Wirkung esou eng ongebremsten Mass hätt.
E verreente Chantier um Dag vum Bam! 3 Altersgruppe vun de Mamer Wiselen hunn en Deel vun den Hecke ronderëm de Stëftungsbongert zu Mamer geschnidden. De Wiselen an hire engagéierte Cheffen e grousse Merci!
Bei schéinstem Wieder huet d'Sektioun Natur an Emwelt Gemeng Mamer den 20.10.2018 d'Heck laanscht d'Eisebunn um Kalkesfeld zréckgeschnidden. Duerno huet d'Sektioun eng kräfteg Lënsenzopp matt Mettwurscht am Biobuttéck Wilhelm op der Cap offréiert.
D'Kanner vum Cycle 2.2 vun de Mamerschoulen hunn sech zesummen mat hirem Léierpersonal an der lokaler Sektioun vun Natur an Ëmwelt mam Thema "Alles ronderëm den Apel" beschäftegt. Merci de Conciergen fir hir Hëllef