Dag vum Bam 2025
23rd November 2025
Natur & Ëmwelt Mamer
Wéi all Joer hat d'Sektioun Mamer vun Natur&Emwelt am Kader vum Dag vum Bam 2025 hire Chantier am Bongert Drummeschbësch. Mir haten immens Chance mam Wieder, e bëssche frësch, mais bei der Aarbécht spiirt een dat net.
Dëst Joer stoungen Schneidaarbéchten, Beem planzen an d' Kontroll vun de Emfaassungen um Programm.
Mir goufen tatkräfteg ënnerstëtzt vum Elena, Jil a Georges vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, den Explorer vun de Mamer Wiselen an och vun e puer Naturbegeeschterte aus der Emgéigend. Natiirlech hu mer eis no der gemaachter Aarbécht e bëssge misse stärken an esou ass de Chantier an enger excellenter Stëmmung ofgeschloss ginn. All deenen déi dozou bäigedroen hunn e grousse Merci a bis déi nächst Aktivitéit
