Saarland Open Kampf 2017

Saarland Open Kampf 2017

Eis Nowuess Kämpfer, Lea WOHLFARTH LK2 Jugend B -51kg, Adam MELOUANE A. LK2 Jugend C -32kg, Gino LOURENCO LK2 Jugend C -29kg, Lindsay JOUANNE LK2 Jugend B -44kg, Sofia FARIA V. LK2 Jugend C -35kg, an den David COELHO LK2 Jugend B -37kg, souwéi eis méi erfuere Kämpferin Jenna SCHWITZ LK 1 Jugend B -44kg haten haut e schwéieren Dag zu Lebach.

D'Lea an d'Sofia hate gréisser Gruppen a sinn an der 1. Ronn schonn op staark Géigner gefall a konnte leider keng Medaile gewannen. Di Aner hunn alleguer Sëlwer geholl woubäi dem Gino seng Medail besonnesch schwéier ze kréie war, hien hat dräi Kämpf, dovunner zwee gewonn an dat an enger méi héijer Gewiichtsklass. Top. 

D'Jenna huet sech leider während dem Kampf um Knéi verletzt, huet awer bis zum Enn duerchgehalen. Respekt. 

Gratuléieren iech hei all häerzlech fir ären Asaatz. Gutt geschafft.

E grousse Merci un den den Israel VÁZQUEZ, President vun der Taekwondo Federatioun vum Bundesstaat Guanajuato, Mexico, a seng zwee Kanner, d'Giulia an den Gianluca fir hir Ënnerstëtzung.