Training an Test Mätscher mam TKD Axel MÜLLER
TKD Axel MÜLLER mat eiser National Equipe

Training an Test Mätscher mam TKD Axel MÜLLER

Am Kader vum Passage de Grade KUP vum TCL war haut de Moien en Training mat enger Equipe vum däitsche Leeschtungs Zenter TKD Axel MÜLLER an eiser National Equipe un deem och d’Junli an Alan je HUBKRATOK deelgeholl hunn.

Vu Mëttes bis an de spéide Nomëtteg stoungen dunn Test Mätscher géingt d’Leit aus Däitschland um Programm, un deenen och d’Jenna SCHWITZ deel geholl huet.

Eis Kämpfer hu mat vill Asaz hir Kämpf gewonnen an op deem Wee gratuléiere mir och eise Leit, Alan je, Junli an Jenna, maacht weider esou, a bleift Motivéiert.

Alles an Allem huet di lëtzebuergesch Equipe gutt Ofgeschloss an dem si 14 Kämpf fir sech entscheede konnt,  woubäi eis däitsch Noperen der nëmme 7 gewonnen hunn.