Den "Taekwondo Vichten"
a senger haiteger Form gouf 1996 vum Frank Kaufmann gegrënnt an huet elo ~ 60 aktiv Memberen am Alter tëschent 7 a 50 Joer, Ufänger a Fortgeschrattener. Mir Praktizéieren an léieren Taekwondo mat Leidenschaft an Engagement. Obwuel d' Traininge mat Discipline ofgehale ginn feelt et net u gudder Stëmmung.

D' Traininge
ginn der Sportshal, 32 Rue Principale L-9190 Vichten, an zwou Gruppen, "Kanner tëscht 7 an 12 Joer" an "Erwuessener vun 12 Joer," an der Regel zwee mol d' Woch ofgehal.
Jiddereen deen um Taekwondo interesséiert ass, ass häerzlech agelueden e puer Trainingen ouni Obligatioun mat ze maachen.


Zesummenaarbecht
Am Moment ass den Taekwondo Vichten an Zesummenaarbecht mam Internat vum Atert Lycée vu Réiden un der Atert fir hiren interesséierte Schüler, Educatricen an Educateuren d' Geleeënheet ze ginn, un enger zousätzlecher sportlecher Aktivitéit deel ze huelen. Des weideren kënne si eng Lizenz kréien an däerfen och Ceinturesprüfungen matmaachen.

Fraise pro Joer
Vum 1. Januar bis den 31. Dezember

Erwuessener: 260 €
Kanner: 240 €


D'Beiträg vum
2. Familljemember, Reduktioun vun 20 € pro Joer
3. Familljemember, Reduktioun vun 30 € pro Joer
4. Familljemember, Reduktioun vun 50 € pro Joer
5. Familljemember, gratis Memberschaft