Mir hunn e gudde Frënd verluer

natur & ëmwelt Gemeng Mamer trauert em hire Frënd, Grënnungsmember a laangjärege Comitésmember vun eiser Sektioun, den David Crowther



22 October 2023

natur & ëmwelt Gemeng Mamer trauert em hire Frënd, Grënnungsmember a laangjärege Comitésmember vun eiser Sektioun, den

David Crowther

Den David huet mat e puer Gläichgesënnten eis Sektioun am Joer 1985 an d’ Liewe geruff.

Säin Asaz am Interesse vun der Natur an der Ëmwelt an a ronderëm eis Gemeng huet eis all matgerappt a motivéiert, fir trotz alle Schwieregkeeten, esou vill wéi méiglech Réckzuchsgebidder fir bedreete Flora a Fauna  unzeleeën, déi Zäit meeschtens an Handaarbecht. Et gëtt kaum e Biotop hei an der Gemeng wou den David net un der Entsteeung matgeschafft huet. Och haut nach, wa mer als Sektioun eis Biotopen ënnerhalen, fält oft dem David säin Numm.

Den David war ëmmer derbäi, bei all Wieder, fir um Terrain eng Hand mat unzepaken, fir eis mat kompetentem Rot a profundem Wësse virunzebréngen an dat alles mat senger typesch brittescher Rou, Konsequenz a Fairplay.

Nieft sengem lokalen Engagement an der Sektioun Mamer, duerno an der englesch-sproochlecher Sektioun vun natur & ëmwelt war hien och op nationalem Plang aktiv, sief et als Guide oder Conférencier fir seng Passioun fir d’ Natur mat esouvill wéi méiglech Leit ze deelen.

Den David war ausserdeem an ënner anerem zoustänneg fir déi englesch Iwwersetzung vum „Atlas der Brutvögel Luxemburgs“ vun 1987.

Mat dem David verléiert déi ganz Communautéit vun den Naturfrënn zu Lëtzebuerg en  hëllefsbereeten, kompetenten an engagéierte Kämpfer fir d‘ Erhale vun enger liewenswäerter Ëmwelt fir eis a fir déi Generatiounen déi no eis kommen.

D’ Sektioun Mamer vun natur & ëmwelt dréckt senger Famill a senge Frënn hiert häerzlechst Bäileed aus.

Mir wäerten eise gudde Frënd David a beschter Erënnerung behalen.