Historik

Den ACT Kopstal (Amis du Cyclo-Tourisme) ass 1902 gegrënnt ginn. 2002 huet den Club demno säin Centenairë gefeiert. 2013 hunn mir den Numm op Velo-Club Mamerdall geännert an eisen Siège social vun Koplescht op Mamer transferéiert. Organisatiounen am Laf vun den Joren: National Meeschterschaften op der Strooss 1952, 1964, 1969, 1987, 1992 an 2002 zu Koplescht 2000 zu Fëschbech/Miersch 2005, 2014 an 2020 zu Mamer. National Meeschterschaften am Cyclo-Cross 2002 zu Koplescht National Meeschterschaften Mountainbike am Strosserbësch Aner Organisatiounen Grand-Prix Mamerdall (Course fir minimes an cadets) an 3t Etappe vum Critérium Européen des Jeunes 2016, 2017, 2018